Am Bësch, ronderëm dat klengt Duerf Manscheid, am Norde vum Land, gëtt den doudege Kierper vun engem jonke Meedche fonnt. Fir an deem mysteriéise Mordfall ze ermëttelen, gëtt den Enquêteur Luc Capitani geruff....
Am Bësch, ronderëm dat klengt Duerf Manscheid, am Norde vum Land, gëtt den doudege Kierper vun engem jonke Meedche fonnt. Fir an deem mysteriéise Mordfall ze ermëttelen, gëtt den Enquêteur Luc Capitani geruff. Mä de Luc, deen aus dem Minett staamt huet Problemer mat der Mentalitéit vun den Duerfbewunner eens ze ginn. Fir d’Enquête steet him déi jonk Polizistin Elsa Ley, zur Säit, wat aus dem Eck kennt. Relativ séier gëtt den Enquêteur an eng komplizéiert Intrig verwéckelt, wou alles nëmme Schäin ass an all Duerfbewunner méi weess wéi wat en ziele well.
Am Laf vun der Enquête, muss de Luc net nëmmen de Mäerder verfollege mä och eng Denkweis briechen. Hie muss e System auserneen huele wou d’Leit sech géigesäiteg manipuléieren am Numm vum „allgemenge Wuelbefannen“.
Nodeems hien eng Ligen no der anerer entlarvt, muss och hie mat sengem Gewëssen an d’Rengt kommen an sech der erdréckender Wourecht stellen…